Sport Club

«<  1 / 2 / 3 / 4 / 5 / 6 > »
18.5.: Sport-Club mam Romain Schumacher

RTL - 15.05.2012, 16:56

De leschte Sonndeg ass den F91 fir 10te Kéier a senger 20 Joer aler Fusiouns-Geschicht Lëtzebuerger Fussball-Champion ginn, en plus kéint en och nach e 4ten Doublé feieren. Déi 20 Joer huet de Romain Schumacher intensiv materlieft – um Ufank als Spiller- du kuerz Zäit als President- e ...


11.5.: Sport-Club mam Mike Majerus

RTL - 10.05.2012, 11:38

E Freideg geet um Terrain vum HC Bierchem eng Ära op en Enn. De Mike Majerus, zënter 20 Joer Goalkeeper zu Bierchem, spillt säi leschten Heemmatch. Mat 36 Joer huet hien decidéiert opzehalen. Säi Palmarès: 6 Mol Champion, 7 Mol Coupegewënner, dorënner een Doublé an en plus ...


4.5.: Sport-Club mam Guy Demuth

RTL - 03.05.2012, 11:30

Biergcoursë si seng Spezialitéit. Scho fir d'7. Kéier ass de Guy Demuth Lëtzebuerger Biergcourse-Champion. An der Ouschtervakanz huet hien och d'Biergcourse vu Luerenzweiler gewonnen. Elo steet hien awer vrun enger perséinlecher Erausfuerderung .. .A sengem Palmarès feelt nach eng éischte ...


27.4: Sport-Club mam Romain Hoffmann & Marcel Wagner

RTL - 25.04.2012, 11:47

E Samschdeg ass d'Coupe-Finale am Basket tëscht der Sparta Bartreng an dem T71 Diddeleng. Am Virfeld vrum grousse RDV sinn déi zwee Presidente vun den zwee Finalisten am Radio Sport Club an analyséieren d'Chance vun hirem Veräin. Radio Sport Club Spezial mam Marcel Wagner vum T71 an dem Romain ...


20.4.: Sport-Club mam Heinz Thews

RTL - 19.04.2012, 11:29

E Mëttwoch waren et nach 100 Deeg bis d'Olympesch Spiller am Summer zu London. Bis elo si mat Ni Xia Lin, Jeff Henckels, Laurent Carnol, Fränk an Andy Schleck scho 5 Lëtzebuerger qualifizéiert. Wie kënnt nach eng Chance hunn, fir bei de Spiller derbäi ze sinn? Ënner anerem déi Fro stelle ...


13.4.: Sport-Club mam Emile Müller

RTL - 12.04.2012, 15:27

2017 nennt sech e Projet vun der UN Käerjeng. Zil ass et a 5 Joer eng éischt Equipe op d'Been ze stelle mat Spiller aus der Käerjenger Gemeng. Dofir sollen elo Sue bei der éischter Equipe gespuert gi fir dass dat ka Realitéit ginn. Wéi de Projet konkret ausgesäit, doriwwer schwätze mer am ...


6.4.: Sport-Club mam Martin Ostermann an Tessy Gonderinger

RTL - 05.04.2012, 11:14

D'Lëtzebuerg Dëschtennis-Dammen hunn den Opstig an de Weltgrupp gepackt, dat war déi gutt Nouvelle lescht Woch bei der Weltmeeschterschaft zu Dortmund. Elo steet als nächst d'Olympia-Qualifikatioun nächst Woch an der Coque am Mëttelpunkt. Mat responsabel fir déi gutt Resultater ass sécher ...


30.3.: Sport-Club mam Reinhold Breu

RTL - 29.03.2012, 15:40

Köln, Austria Wien, Eintracht Tréier a Wacker Burghausen waren d'Statiounen an der Kariär vum Fussballspiller Reinhold Breu. Zënter dem Summer ass hien Directeur Technique bei der FLF an domadder Nationaltrainer vun de Nationalselectiounen am Jugendberäich, dozou gehéiert och d'U17. Um ...


23.3.: Radio-Sport-Club SPEZIAL

RTL - 22.03.2012, 15:37

E Sonndeg ass en der BGL Ligue d'Parti Gréiwemaacher-Jeunesse. E Match, wéinst deem et scho vill Onrou ronderëm gëtt. Meä firwat gi sougenannte Supporteren an awer och Spiller ëmmer méi aggressiv? Wéi kann een déi Tendenz ënnerbannen? Mat de Presidenten vu ...


16.3.: Sport-Club mam Liz May

RTL - 15.03.2012, 14:20

No Athen 2004 a Peking 2008 wëll d'Triathletin Liz May am Summer och zu London bei den Olympesche Spiller un den Depart goen. No en etlech Blessuren ass déi 5-fach Sportlerin vum Joer zouversiichtlech a wëll nächst Woch d'World Cup Saison an Australien ufänken. Dëse Weekend ass d'Liz May an ...


9.3.: Sport-Club mam Sascha Pulli

RTL - 08.03.2012, 14:53

Esch-Käerjeng dat war d'Finale am Handball lescht Joer- Esch-Käerjeng dat ass och d'Affiche dëst Joer vun der Coupefinale am Handball. Gëtt et déi Kéier eng Victoire vu Käerjeng oder wënnt och dëst Joer nees Esch. Dat géing dem Sascha Pulli sécher gefalen an hie kann als beschte Buteur ...


2.3.: Sport-Club mam Ben Angelsberg

RTL - 01.03.2012, 15:55

De Weekend ass de Finale Four an der Coupe am Volleyball bei den Dammen an den Hären. An do kënnt Dikrech esou eppes wéi de Geheimfavorit sinn. An der 1/2 spillt Dikrech géint Péiteng. Ee vun den Haaptspiller ass de Ben Angelsberg, deen zanter 7 Joer Volleyball zu Dikrech spillt an och scho ...


24.2.: Sport-Club mam Tim Heinz

RTL - 23.02.2012, 14:23

D'Wanterpaus ass eriwwer an de Weekend rullt de Ball nees an der ieweschter Klass vum Lëtzebuerger Fussballschampionnat. Iwwerwantert op der éischter Plaz huet den CS Gréivemaacher, deen an 13 Matcher grad emol 12 Goler geschoss krut. Dat schwätzt fir eng staark Defense an den Tuerm hannendran ...


17.2.: Sport-Club mam Christian Schaus

RTL - 16.02.2012, 09:36

Dëse Weekend sinn an der Coque déi Lëtzebuerger Eenzel-Meeschterschaften am Dëschtennis an do ass fir 25. Kéier schonn de Christian Schaus derbäi. Hie war 7 Mol Champion am Double, awer bis elo just 1 am Simple 1991, hie stoung awer 5 Mol an der Finale, fir d'éischte Kéier mat 16 Joer. De ...


10.2.: Sport-Club mam Roger Königs

RTL - 09.02.2012, 15:44

Fir e Cross-Country Leefer gëtt et kee gutt a kee schlecht Wieder an och déi niddreg Temperature wäerten näischt drun änneren, datt e Sonndeg nees vill Leefer un den Depart vum Eurocross zu Dikrech ginn. Een dovunner ass de Roger Königs, gebiertege Belsch, deen awer zënter laange Joere ...


3.2.: Sport-Club mam Georges Klepper

RTL - 03.02.2012, 13:22

Wou ass d'Lëtzebuerger Liichtathletik drun? Firwat hu mer keng Athleten, déi a Fro kommen op d'olympesch Spiller ze goen a firwat kréie mer och bei de Spiller vun de klenge Länner an der Liichtathletik dacks den zweete Präis? Dat waren nëmmen e puer vun de Froen déi mer tëscht hallwer zwou ...


27.1.: Sport-Club mam Laurent Carnol

RTL - 27.01.2012, 12:10

De Weekend ass mam Euro-Meet an der Coque de Schwamm-Rendezvous vum Joer zu Lëtzebuerg mat engem internationale Starterfeld vun der Spëtzeklass. Dowéinst stoung dann och de Radio-Sport-Club ganz am Zeeche vum Schwammen, well sech och déi beschte Lëtzebuerger Schwëmmer dëse Rendezvous net ...


20.1.: Sport-Club mam Aly Kridel Senior

RTL - 19.01.2012, 15:51

Den Automobilsport feiert sech dëse Week-End zu Munneref an d'Volants d'or ginn un déi bescht Piloten an de verschiddenen Disziplinnen iwwerreecht. En plus ass dëse Weekend nees d'Rallye Monte Carlo. Zwee Beräicher an deenen den Aly Kridel sech auskennt. Hien ass an der Commission sportive vum ...


13.1.: Sport-Club mam Minister Romain Schneider

RTL - 12.01.2012, 13:54

Et ass geschwënn Halschent fir déi aktuell Regierung an dëser Legislaturperiod an domadder och fir de Sportminister Romain Schneider. Wat ass da säi Bilan a wéi gesäit en déi grouss sportlech a finanziell Erausfuerderungen vum Joer 2012? Iwwer London 2012, iwwer Léiweng, iwwer den Tour ...


6.1.: Sport-Club mam Johann Bruyneel

RTL - 05.01.2012, 13:09

Hien huet 9 Mol den Tour de France gewonnen - als Directeur sportif: 7 Mol mam Lance Armstrong an 2 Mol mam Alberto Contador. An elo managt de Johann Bruyneel déi nei Equipe Radioshack Nissan Trek ronderëm d'Gebridder Schleck. De Belsch, deen och als Coureur selwer eemol am Maillot Jaune gefuer ...


Sport-Club mam Carole Calmes

RTL - 16.12.2011, 17:10

Zanter e Mëttwoch ass zu Stroossen e RIAC, een internationalen Tournoi mat de Loftdrockwaffen, mat ë.a. engem Olympiagewënner an ...


Sport-Club mam Luc Holtz

RTL - 07.12.2011, 16:41

Zënter 16 Matcher ass hie Football-Nationaltrainer - dobäi goufen et 2 Victoiren an 2 Gläichspiller.


Sport-Club mam Mandy Minella

RTL - 17.11.2011, 11:03

110. an der Dammen-Tennis-Weltranglëscht, dat ass bis elo dat bescht d'Resultat fir d'Lëtzebuergerin Mandy Minella.

«<  1 / 2 / 3 / 4 / 5 / 6 > »