Judo EM: Tom Schmit am 1. Tour eliminéiert

RTL - 18.09.2010, 19:06 | Fir d'lescht aktualiséiert: 18.09.2010, 19:26

Judo: Op de Junior EM am Judo zu Sofia an Bulgarien verléiert den Tom Schmit an der Klass bis 55 Kilo am 1. Tour géint den Grigor Ivanyan.

© Roland Miny (Archivbild)
De Grigor Ivanyan aus Armenien as d'Nummer 1 am europäeschen Junior Ranking.

Bei de Juniorinen verléiert d'Manon Durbach an der Klass bis 57 Kilo och am 1. Tour géint déi spéider Europameeschterin Hélène Receveaux aus Frankräich.