14. Gala Tour de France: Zweet Victoire vum Andy Schleck!
RTL - 29.07.2010, 21:45 - Fir d'lescht aktualiséiert: 30.07.2010, 14:33

D'Stad war "giel" vu Leit: 4 Deeg nom Tour de France huet den Andy Schleck de Gala Tour de France gewonn - zur Freed vun deene ronn 60.000 Spectateuren.
Nees eng mega Kuliss an der Stad fir déi 14. Editioun vum Gala Tour de France, organiséiert vum ACC Contern: Eng 60.000 Leit, esou déi offiziell Zuelen, sollen um Donneschdegowend an der Stad gewiescht sinn, fir bei där mat Spannung erwaarter Vëloscourse kuerz nom Tour de France derbäi ze sinn.
Am Mëttelpunkt stoungen natierlech déi 2 Lëtzebuerger Vedetten Andy a Fränk Schleck an zur grousser Freed vun deene ville Spectateure konnt sech um Enn och de Favorit Andy Schleck, den Zweeten a Maillot blanc aus dem Tour de France 2010, am Gala duerchsetzen. Et ass ewell seng zweet Victoire no 2008 an dëser Course.
Am zweetleschten Tour konnt sech den Andy entscheedend ofsetzen aus engem Leader-Grupp, deen de Peloton ewell e puer Ronne virdrun ofgehaangen hat. Hien ass als Éischten an déi lescht Ronn gaangen a konnt um Schluss en solitaire iwwert d'Ligne d'arrivée fueren. Op d'Eiereplaze kommen de Belsch Philippe Gilbert an den Ir Nicolas Roche.
D'Sprintwäertung geet un den Ex-Weltmeeschter Alessandro Balan aus Italien, zum "Meilleur Combatif" ass de Lëtzebuerger Ben Gastauer gewielt ginn an als beschte Lëtzebuerger (nom Gewënner Andy Schleck) gouf de Laurent Didier ausgezeechent.
De Laurent Didier, de Ben Gastauer an de Fränk Schleck sinn alleguer am éischte gréissere Peloton iwwer d'Arrivée gefuer
.
Weider gutt Nouvelle: Dem Fränk seng Schëller huet gehal, hien huet sech op alle Fall dacks un der Spëtzt vun der Course gewisen, sot awer dono, datt hien nach heinsdo Péng gehat hätt. Viru ronn 3 Woche war hie jo am Tour de France um Pavé gefall an hat sech direkt e puer Bréch um Schlësselbeen an an der Schëller zougezunn.
Am ganze war 64 Cycliste un de Depart vum Gala gaangen. 35 Tier hate si um neien-ale Circuit iwwert d'Nei Avenue z'absolvéieren: Depart an Arrivéee waren um Rousegäertchen beim Arbedsgebai. Déi lescht Joere war de Gala jo ëmmer um Knuedler. Den Organisateur Marcel Gilles vum ACC Contern hält awer vum neie Site beim Rousegäertchen bal nëmme Positives zeréck.
De Circuit: Dee goung vum Rousegäertchen erof op d'Gare bis bei de 'Star' an dann d'Al Avenue zeréck bis bei de fréiere Konz, do no lénks duerch d'Origerstrooss an d'Nei Avenue erop bis an d'Goethestrooss. Do gouf du virun der Neier Bréck d'Kéier zeréck op d'Gare gemaach.
An den Interviewen no der Course hunn d'Coureuren all déi phänomenal Ambiance an der Stad gelueft an deene ville Spectateure Merci gesot fir hir Begeeschterung.
Är Commentairen