TDF: Frank Schleck gewënnt Kinneksetapp, Andy elo Zweeten
RTL - 22.07.2009, 12:50 - Fir d'lescht aktualiséiert: 24.07.2009, 08:53

D'Kinneksetapp huet gehal, wat si versprach huet. E Bléck an de Generalklassement no der 17. Etapp beweist et: Den Alberto Contador bleift vir, den Andy Schleck ass elo 2., de Frank Schleck 3. an de Lance Armstrong 4.!
Kinneksetapp gewonn
D'Schleck-Bridder hu gekämpft wéi d'Léiwen, si hunn d'Course e Mëttwoch animéiert a si hunn - wéi versprach - alles probéiert. Bis op den Alberto Contador konnte si och jiddereen en cours de route ofhänken, mee de Maillot Jaune hu si net gepackt, deen ass bis an d'Zil an hirem Rad bliwwen.
Schonn am zweetleschte Col hunn d'Gebridder Schleck den Tempo forcéiert an de Grupp un der Spëtzt gesprengt. D'Ecarte si gewues a gewues ...
De Frank gewënnt also déi 17. Etapp, déi d'Coureuren iwwer 169,5 Kilometer vu Bourg-Saint-Maurice op Le Grand-Bornand gefouert huet. Ënnerwee a bei der Arrivée ware ganz vill Lëtzebuerger Supporter, fir eis Coureuren ze ënnerstëtzen. Et ass dëst dem Frank seng 2. Victoire an enger TDF-Etapp, no der Alpe d'Huez am Joer 2006.
Zolitt EcartenZäitgläich fuere mat him de Leader Contador a säi Brudder Andy iwwert de Stréch. Hir Avance op d'Verfollger: Iwwer zwou Minutten.
Als 4. fiert de Vincenzo Nibali, als 5. de Lance Armstrong iwwert d'Zil, allebéid op 2'18''. Den Andreas Klöden gëtt 6. op 2'27, de Bradley Wiggins hat als 7. ewell iwwer 3 Minutte Retard.
Fir de Kim Kirchen ass et um Mëttwoch net esou gutt gelaf, hie gëtt 153. mat engem Retard vu 35 Minutten a 47 Sekonnen. Am Général fält hien op déi 37. Plaz zréck. Säi Réckstand: 40 Minutten an 52 Sekonnen.
Logesch Konsequenz: Den Alberto Contador bleift am Maillot Jaune an den Andy Schleck am Maillot Blanc.
Resumé vun der 17. Etapp
Jean-Claude Juncker felicitéiert
Direkt no der Course huet de Jean-Claude Juncker mam Frank an Andy Schleck telefonéiert an hinne fir hir "formidabel Performance" felicitéiert. De Premierminister huet hinnen och matgedeelt, wéi frou a wéi houfreg d'Land op si wier. D'Populatioun wier Zeie gewiescht vun enger "phänomenaler sportlecher Leeschtung".
Déi Zwee hätten op alle Fall en neit "grousst Kapitel am Lëtzebuerg Cyclissem" geschriwwen mat hirer Victoire an hirer 3. Plaz an dëser esou schwéierer Etapp, déi si elo op d'Plazen 2 an 3 am Général katapultéiert huet.
Weider huet de Premier hinne bonne Chance gewëscht fir de Rescht vum Tour, virun allem fir de Contre-la-Montre en Donneschdeg an déi schwéier Etapp vun e Samschdeg vu Montélimar mam Mont Ventoux.
Dono huet de Jean-Claude Juncker och den Eltere vun de Schleck-Bridder, dem John an dem Gaby Schleck, telefonéiert.
Armstrong och 2010
De Lance Armstrong huet iwwerdeems confirméiert, datt hien 2010 nees beim Tour de France derbäi ass. Den Donneeschdeg dierft e matdeelen, fir wéi eng Equipe en da fiert.
Et gi Rumeuren, wéi wann hien zesumme mam Belsch Johan Bruyneel, Directeur sportif vun Astana (hien huet säin Depart vun do ewell ugekënnegt), en neit Team zesummestelle wéilt.
De Bruyneel an den Armstrong sti sech bekanntlech ganz no.
Di Luca DopingDe Mëttwoch, 22. Juli, während der Kinneksetapp vum Tour de France, koum awer och d'Nouvelle, datt den 33 Joer alen Danilo Di Luca vum Team LPR am Giro gedopt war, mam Dopingmëttel EPO-Cera. Am Giro, hie gouf Zweeten am General, war hien den 20. an den 28. Mee getest ginn.
Är Commentairen