Championsleague: FC Basel wënnt 1:0 géint Bayern München

RTL - 23.02.2012, 06:11 | Fir d'lescht aktualiséiert: 24.02.2012, 11:16 | 2 Commentaire(n)

An der Championsleague stinn den FC Basel an den Olympique Marseille mat engem Fouss an der 1/4els Finale.

An der Championsleague waren e Mëttwoch den Owend déi zwee lescht Aller-Matcher vun den 1/8els Finalen.

An do geet d‘Mäerche vum FC Basel weider.

D’Schwäizer hunn den FC Bayern München mat 1- 0 definitiv an d’Kris geschoss.

Et war e flotte Match, wou d’Schwäizer an den éischten 20 Minutten 2 kloer Goalchancen net erakruten. Mä och d’Bayern haten eng Rei vu gudde Méiglechkeeten. Et blouf awer beim 0-0. A wéi déi meescht sech mat deem Resultat offonnt haten, huet de Schwäizer Jocker Valentin Stocker de Bayern de K. O. Schlag verpasst.

Beim Schwäizer Goal hat déi ganz Münchener Defense ferm gepennt. Esou eng Rei vu Feeler däerf engem Champion einfach net passéieren.

Den Uli Hoeness ass zwar iwwerzeegt, dat seng Bayern dat do am Retour-Match erëm riichtbéien, mä an der Münchener Chefetage ginn se nervös.

Dat ass beim Inter vu Mailand net anescht. Si verléieren zu Marseille duerch e Goal vum André Ayew an der Nospillzäit mat 0-1. Et war eng zerfruere Partie ouni grouss Héichpunkten. Den Championsleague Gewënner vun 2010 hofft elo - genee wéi d’Bayern - op de Retourmatch. Ob do den Trainer awer nach Ranieri heescht, ass net sécher.

An der Europa League ass Manchester City iwwerdeems an den 1/8els Finallen. D'Equipe aus Groussbritannien huet de Retourmatch géint den FC Porto mat 4:0 gewonn.

A Frankräich huet Caen sech mat 2:1 géint Auxerre duerchgesat.
Saint Etienne huet Lorient mat 4:2 geklappt a Sochaux huet 0:1 géint Lille verluer.

An Italien huet Sienna 0-1 géint Catana verluer.

An der Belscher Coupe steet Lokeren an der Final. Lierse huet an der Halleffinale de Retourmatch mat 0-3 verluer.


Basel an Marseille gewannen (23.02.2012)
Den FC Basel klappt Bayern 1 - 0 an och Marseille behapt sech doheem 1 - 0 geint den Inter Mailand

 


 


Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!