Handball: Esch-Red Boys wënnt 27:25 géint Déifferdeng

RTL - 03.02.2012, 23:09 | Fir d'lescht aktualiséiert: 04.02.2012, 18:15

Um 13. Spilldag vum Handball Championnat huet den HB Esch mat 27-25 géint di Déifferdenger Red Boys gewonnen.

Viru ronn 500 Spectateuren huet den Handball Esch deemno duerchgesat an iwwerhëlt domatter elo d'Tabellespëtzt.

E Samschdegowend spille Schëffleng géint Käerjeng an Diddeleng géint Bierchem. E Sonndeg sti sech dann Stroossen a Péiteng géintiwwer.