Football Serie A: Zwee Matcher vum Samschden sinn ofgesot

RTL - 03.02.2012, 18:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 04.02.2012, 09:01

Am italienesche Football sinn déi zwee Samschdesmatcher wéinst ze vill Schnéi a Keelt ofgesot.

De Match vum AS Roum géint den Inter Mailand wéi och Ceseana géint Catania ginn de Weekend wéinst dem ville Schnéi net gespillt an op e spéideren Datum verluecht.

Och an der franséischer Ligue 2 ass ee Match verluecht ginn, do sollt Angers géint Monaco untrieden.