Donneschdeg, 02. September 2010

Sport Aktualitéit

Sensationnell: Andy Schleck wënnt Léck-Baaschtnech-Léck!

RTL - 26.04.2009, 17:02 - Fir d'lescht aktualiséiert: 27.04.2009, 11:29

Cyclissem: Den 23 Joer alen Andy Schleck wënnt d'"Doyenne" vun den Ardenneklassiker Léck-Baaschtnech-Léck mat enger komfortabeler Avance op de Peloton.

Am Cyclissem huet déi ganz Lëtzebuerger Sportswelt e Sonndeg op Léck gekuckt a méi genee op Ans.

Do ass nämlech no 261 schwéiere Kilometer den Andy Schleck als éischten iwwert d'Arrivée vu Léck-Baaschtnech-Léck gefuer.

Fir dee Jéngste vun de Schleck-Bridder ass eegenen Ausoen no ee Kannerdram an Erfëllung gaangen. Elo dreemt hien dovun eng Kéier den Tour de France ze gewannen. Bis dohi wir et awer nach vill Aarbecht sou de Gewënner vun der Doyenne vun den Ardenne Klassiker.

No senger excellenter zweeter Plaz ë Mettwoch an der Flèche Wallone war den Andy Schleck ee vun de grousse Favorite fir dës Course. Hien huet et 55 Joer nom Marcel Ernzer als 2. Lëtzbuerger an de Palmares vun dësem Klassiker gepackt.

Den Andy Schleck huet sech an der 2. leschter Montée, der Roche aux Faucons vum Peloton alleng ofgesat.

 AUDIO: Eischt Reaktioune no der Course vum Andy Schleck um Micro vun RTL »



VIDEO: Den Andy am Interview no der Arrivée





Zweete gëtt de Spuenier Joaquin Rodriguez, an dat mat engem Retard vun iwwer 1 Minutt.

Drëtte gëtt den Davide Rebellin.



Säi Brudder Fränk Schleck war no senger Chute e Sonndeg, a sengem Forfait e Mëttwoch och nees dobäi. Hien ass am Spëtzegrupp ukomm.

Nieft dem Frank, d'lescht Joer gouf den Andy jo 3. an der "Doyenne" vun den Ardenneklassiker, war de Kim Kirchen e Sonndeg och dobäi. Hien huet eng 86 Kilometer virun der Arrivée de Contact awer zum Peloton verluer an huet opginn.

 AUDIO: Eischt Reaktioune no der Course vum Fänk Schleck um Micro vun RTL »



De Premier Jean-Claude Juncker huet sech et net huele gelooss dem Andy Schleck no senger Victoire perséinlech ze félicitéieren. De Jean-Claude Juncker, dee jo den Ament zu Washington ass, huet nach e Sonndegowend mam Andy a mam Fränk Schleck telefonéiert.

An och den Ausseminister Jean Asselborn huet dem Andy Schleck fir säin formidabelen Exploit gratuléiert. Dëst wier sécherlech net déi lescht Victoire vun engem grousse Champion. Dës Victoire géif eis houfreg maachen a géif op e neits beweisen, datt de Lëtzebuerger Cyclissem den Ament ee vun senge schéinsten Momenter erlieft, sou de Lëtzebuerger Ausseminister. 



Et ass eng historesch Victoire, Meeschterstéck, dat den Andy Schleck réaliséiert huet, ee souveräne Vainqueur, eng grouss Victoire vun engem Athlet den um beschte Wee ass ee groussen ze ginn, ee Phénomène; dat sinn nëmmen e puer Iwwerschrëften aus den nationalen Dageszeitunge vu Méindes.

 AUDIO: Di komplett Presserevue vum Pierre Reyland »


Eis Profie ware prett...an de Lëtzebuerger Public och!






Är Commentairen

Gidd w.e.g. Ären Numm an Är E-Mail-Adress un. Merci! D'E-Mail-Adress froe mir, fir Iech eng Confirmatioun ze schécken, wann Äre Commentaire online ass.
Duerch d'Fortschécke vun Ärem Commentaire acceptéiert Dir eis
Conditions d'utilisations fir d'Moderatioun vun eise Commentairen a Lieserbréiwer.

MODERÉIERT W.E.G. ÄREN TOUN: KENG FRECHHEETEN.
KENG ONGEPRÉIFTE "FAKTEN". KENG FALSCH IDENTITÉITEN. MERCI!
Numm:
E-Mail:
Text:

D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
2. Sep 14:13  WRC: Kris Meeke déi kommend Saison bei Mini?
2. Sep 11:07  Schock bei den US Open: D'Victoria Azarenke geet an d'Getten
1. Sep 21:34  US Open: D'Mandy Minella kritt et mam Venus Williams ze dinn
1. Sep 18:36  Vuelta: Victoire vum Amerikaner Tyler Farrar op 5. Etapp
1. Sep 18:26  Cyclissem: Team Lëtzebuerg fiert mat Vëlosmarque Trek
1. Sep 15:29  Steffen Grosse: Ganz staark Kritike vun Elterendelegatioun
1. Sep 15:22  UEFA verbitt d'Vuvuzelaen op all hire Manifestatiounen
1. Sep 14:36  Football: Keng Oweskees beim Lännermatch géint Bosnien
1. Sep 12:58  1. Etapp vum Holland Ladies Tour: Nathalie Lamborelle 27.
1. Sep 08:13  Tennis: Nadal an Djokovic stinn am 2. Tour bei den US Open
1. Sep 08:11  Football: De Mario Mutsch bleift wuel beim FC Metz
1. Sep 08:08  Vëlo: Team Lëtzebuerg vun de Junioren fiert an der Schwäiz
1. Sep 07:47  Basket-WM: Frankräich ass fir d'1/8-Finale qualifizéiert
1. Sep 07:34  Football: Guy Blaise un den Adducteuren blesséiert
31. Aug 18:21  Vuelta: Victoire vum Spuenier Igor Anton op 4. Etapp
31. Aug 17:54  Cyclissem: Alberto Contador huet sech am Training blesséiert
31. Aug 17:54  Football: Ballack bleift Leader vun däitscher Nationalequipe
31. Aug 13:48  Doud vum Laurent Fignon: De franséische Cyclist hat Kriibs
31. Aug 12:57  Weltcup am olympesche Bou: Jeff Henckels am 4. Tour
31. Aug 07:29  Judo: Sëlwermedaille fir d'Marie Muller bei de US Open
31. Aug 07:25  Haller a Lieners fir d'WM am Triathlon selektionéiert
31. Aug 07:23  Vuelta: De Philippe Gilbert wënnt déi 3. Etapp
30. Aug 09:54  Formel 3: Weider Pech fir de Gary Hauser
29. Aug 20:43  David Hauser: Nach eng Biergcourse

Ëmfro »

D'Mandy Minella steet bei de US Open am 3. Tour géint d'Venus Williams. Huet hat eng Chance ze wannen?
Jo ob alle Fall, hat ass an der Form vu sengem Liewen!
Nee leider net. D'Venus Williams ass einfach eng Nummer ze staark!
Egal ob hat wënnt oder verléiert, et huet ee super Tournoi gespillt bis dohin!

Dëse Sondage entsprécht net de wëssenschaftleche Standarden. E representéiert just d'Meenung vun deene Leit, déi hei op RTL.LU geäntwert hunn.

RTL Shopping
BabyCenter
Babycenter