Walfer Vollekslaf: Victoire fir Y. Lieners a S. Daguenet
RTL - 01.10.2011, 09:58 | Fir d'lescht aktualiséiert: 03.10.2011, 06:47
36. Oplo vum "Foyer Vollekslaf Walfer": Bei den Häre wënnt de Yannik Lieners a bei den Dammen d'Saskia Daguenet.

Bei den Dammen kommen hannert dem Saskia Daguenet d'Lynn Dupont an d'Danièle Flammang op d'Plazen 2 an 3.
4 Course goufe jo ugebueden, 1.609 Leefer a Leeferinnen sinn iwwer d'Arrivée gelaf.
36. Walfer Vollékslaf (02.10.2011)Beim 36. Walfer Vollékslaf gouf et no 12 Kilometer eng Victoire vum Yannick Lieners vum CA Bieles, séierst Damm war d'Saskia Daguenet. |
De Laf zu Walfer ass awer wéi all déi aner Joeren och sonndes op Pappendag an jiddereen däerf deel huelen. Anescht wéi d'lescht Joer gouf et dës Kéier kee Laf iwwer 10 Kilometer an 10 Meilen, mä just nach een Haaptlaf (Walfy-Laf) iwwer 12 Kilometer. De Start war um 10:15 sou datt d'Leit och mëttes mat der Famill zesumme féiere kënnen.
De Start an d'Zil waren am Stade Prince Henri an do, wéi och op der Streck, ginn d'Leefer mat Musek ënnerstëtzt. D'Museksgruppe vu Walfer, Luerenzweiler a Steesel an d' "Groupe percussions" vum Conservatoire sinn zu Walfer op der Plaz.
Nieft dem Walfy-Laf gouf et och e Walfy-Jogging iwwer 4,5 Kilometer. Fir dës Course gëtt et och kee Ranking, deen op dem Chrono vun de Leefer baséiert, gemat.
Och déi méi jonk Leefer konnten a zwou Coursen an deene verschiddenen Alterskategorië matlafen. E Mini-Laf iwwer 900 Meter fir d'Kanner vu 5 bis 12 an e Junior-Laf iwwer 4,5 Kilometer fir déi Jonk vun 11 bis 17 stoungen um Programm.
