Cyclissem - Wat bedeit ...

Wat bedeit den Terme „Maillot Jaune“?

RTL - 23.07.2011, 09:16

De Maillot Jaune am Tour de France dréit dee Coureur, deen am Generalklassement vir ass. Wuel ass deen éischten Tour de France schonns 1903 gefuer ginn, den éischte Maillot Jaune gouf et awer réischt 1919 a gouf vum deemolegen Direkter vum Tour, dem Henri Desgrange , agefouert. Déi giel Faarf ...


Firwat ass d´Alpe d´Huez de Bierg vun den Hollänner?

RTL - 22.07.2011, 11:10

Dat geet an 1970er Joeren zeréck. Fir déi éischte Kéier gouf d´Alpe d´Huez 1952 am Tour de France gefuer. Deemools huet de legendären Italiener Fausto Coppi gewonn. Bis 1976 stoung d´Alpe awer net méi um Programm vum Tour de France. An deem Joer huet den Hollänner Joop Zoutemelk gewonn. ...


Firwat gëtt de Galibier dëst Joer 2 Mol gefuer?

RTL - 21.07.2011, 12:48

1911 ass et eng éischt Kéier iwwer de Galibier gaangen. Et sinn also genee 100 Joer hir. Fir dëse Gebuertsdag ze feieren hunn d'Organisateuren decidéiert, dass d'Coureuren zwee Mol iwwer dëse mystesche Bierg fueren. Dëst Joer ass et fir d'éischt, dass d'Arrivée uewen um Galibier op 2. 645 ...


Wat bedeit den Terme "Gruppetto"?

RTL - 20.07.2011, 09:08

Gruppetto ass een italienescht Wuert an heescht esouvill wéi „kleng Grupp“ Virun allem op de Biergetappen entsteet esou ee Gruppetto. An deem Grupp sinn déi Leit déi net esou gutt iwwer d´Bierg kommen. Dacks natierlech d´Sprinter. Zil vum Gruppetto ass et fir net hors-délai unzekommen. ...


Wat bedeit den Terme "Lanterne Rouge"?

RTL - 19.07.2011, 11:55

De Coureur deen de leschten am Generalklassement vun enger Vëloscourse ass, gëtt als Lanterne Rouge bezeechent. Am Tour de France ass et zum Deel eng Éier fir d'Lanterne Rouge ze sinn. Dacks ass et esou, dass e puer Coureure probéieren op den Champs Elysées déi Lanterne Rouge ze sinn. Et ...


Wat bedeit den Terme "Bescht Equipe"?

RTL - 17.07.2011, 11:00

 Zu Paräis gëtt de 24. Juli och déi bescht Equipe ausgezeechent. Well et jo ëmmer nees Coureuren opginn, huet awer net méi all Equipe 9 Coureuren an hire Reien. Dofir gëtt d´Zäit vun den 3 Coureure geholl déi am General am beschte klasséiert sinn. Am Fall wou eng Equipe nëmmen nach 2 ...


Wat bedeit den Terme "Maillot Vert"?

RTL - 16.07.2011, 11:20

Dee Coureur deen de grénge Maillot dréit, huet an de Sprinter déi meescht Punkte gesammelt. Hien kann dat während der Etapp maachen, wou et sougenannten Tëschesprinter ginn a natierlech op der Arrivée. De grénge Maillot gouf 1953 agefouert. Deemools huet de Schwäizer Fritz Schaer den ...


Wien war de Fabio Casartelli?

RTL - 15.07.2011, 10:15

De Fabio Casartelli war een italienesche Coureur deen op der 15. Etapp vum Tour de France 1995 gestuerwen ass. An der Descente vum Col de Portet-d'Aspet an de Pyrenäen ass hie gefall an huet sech schwéier um Kapp blesséiert. Deemools waren d'Casquen nach net obligatoresch. De Fabio Casartelli ...


Wat bedeit den Terme "Voiture-balai"?

RTL - 15.07.2011, 08:56

D'Voiture-balai fiert hannert dem leschte Coureur vun der Course. Am Fall wou hien ophält klëmmt hien an d'Voiture-balai an déi féiert de Coureur bis op d'Arrivée. Et kann awer och sinn dass d'Voiture-balai zu engem Coureur seet, dass hien muss eraklammen well en hors-délai ass. Eng éischte ...


Wat bedeit den Terme "Maillot à Pois"?

RTL - 14.07.2011, 08:52

 Dee Coureur deen déi meeschte Punkten op de Koppen a Bierger gesammelt huet, kritt de „Maillot à Pois“. Am Tour de France ginn et dëst Joer 5 Kategorien wou ee Punkte sammele kann: Hors catégorie, 1. Kategorie, 2. Kategorie, 3. Kategorie a 4. Kategorie. Bei engem Col deen „hors ...


Wat bedeit den Terme „Hors délai“?

RTL - 13.07.2011, 10:54

Wann den Tour de France bis an d´Bierger geet, héiert een dacks vun den Commentateuren um Radio an op der Televisioun, dass d´Coureuren mussen oppassen dass se net „hors délai“ ukommen. Virun allem mussen natierlech d´Sprinter oppassen dass si an där Zäit dobanne sinn, déi vum ...


Wéini gouf déi séierste Moyenne an engem TdF gefuer?

RTL - 12.07.2011, 16:36

Déi séierst Etapp aen Ligne déi bis elo an engem Tour de France gefuer gouf war 1999. D´Etapp vun Laval op Blois iwwer 194, 5 Kilometer gouf mat enger Moyenne vun 50, 355 km/h gefuer. Gewonnen huet deemools am Sprint den Italiener Mario Cipollini. Et war dat Joer awer net de séiersten Tour de ...


Wat bedeit den Terme "Chaperons"?

RTL - 11.07.2011, 23:16

Ee Chaperons ass an der Dopingbekämpfung ganz wichteg. No enger Vëloscourse steet hien hannert der Arrivée a wäert op dee Coureur dee muss an Dopingkontroll goen. De Chaperons léist de Coureur net aus dem Aa, bis hien seng Urinprouf ofginn huet. Hien soll verhënneren, dass de Coureur seng ...


Wat bedeit den Terme "Roudag"?

RTL - 10.07.2011, 11:24

An sech seet d'Wuert et schonns aus. Et gëtt während engem Dag gerout. Bei de Coureuren ass dat awer net ganz richteg. Ganz nom Motto: Wer rastet, der rostet ass um Roudag och ëmmer eng kuerz Sortie vu ronn zwou Stonne mam Vëlo programméiert. Dobäi kennt, dass um Roudag all Equipe op eng ...


Wat kascht de Passage vum Tour de France?

RTL - 08.07.2011, 12:12

Well een als Gemeng een Depart vun enger Etapp organiséieren, da muss een 60. 000 Euro un Amaury Sport Organisation (A. S.O. ) bezuelen. D' A. S.O. organiséiert d'Grande Boucle. Méi deier ass et wann ee well eng Arrivée an d'Gemeng kréien. Dat kascht 90. 000 Euro. Et ginn och Gemengen déi ...


Wat bedeit den Terme "Théorème de Chapatte"?

RTL - 08.07.2011, 10:18

Wann ee live Commentaire vun enger Course lauschter gëtt dacks gesot, dass eng Echappée op mannst muss 1 Minutt Avance op de leschten 10 Kilometer hunn, fir iwwerhaapt eng Chance ze hunn dass se bis op d'Arrivée duerch kennt. Dës Fauschtregel ass „Théorème de Chapatte“. De Robert Chapatte


Wat bedeit den Terme "Een Zuch opbauen"?

RTL - 07.07.2011, 12:39

Fir sech an engem Sprint ze behaapten, geet et net duer dass een déi séiersten Been huet, et muss een och eng Equipe hunn déi een op de leschten Kilometer an eng gutt Ausgangspositioun bréngt. An deem Fall schwätz een vun engem „Zuch opbauen“. An de respektiven Equipen gëtt et ...


Wéini war déi längsten Etapp an der Geschicht vum TdF?

RTL - 06.07.2011, 12:50

Déi längsten Etapp vum Tour de France 2011 ass 226, 5 Kilometer laang. Iwwer dës Distanz kéinten d´Coureuren vu fréier a ganz fréier just laachen.  Virun allem an den éischten 30 Joer an der Geschicht vum Tour de France, waren d´Etappen vill méi laang. Déi Längsten gouf 1919 gefuer. Et


Wien ass de Bim Diederich?

RTL - 05.07.2011, 17:41

De Bim Diederich, Joergang 1922, war an den 1950er Joer ee vun eise grousse Coureuren. 3. Etappen huet hien am Tour de France gewonn. 1950 déi 15. Etapp vun Toulon op Monton, 1951 déi 2. Etapp vu Reims op Gand a 1952 déi 5. Etapp vu Roubaix op Namur. De Bim ass och nach ënnert sengem Spëtznumm


Wat bedeit den Terme "Baroudeur"?

RTL - 04.07.2011, 13:40

Baroudeuren maachen d´Coursen dacks flott an interessant. Ee Baroudeur ass kee gudde Sprinter, kee gudde Grimpeur an och kee gudde Rouleur. Hien kann alles e beschen gutt. Etappen déi rop an erof ginn, ouni awer an déi héich Bierger ze goen, sinn déi wou de Baroudeur sech wuel villt. Eng laang


Wat bedeit den Terme "Caravane Publicitaire"?

RTL - 04.07.2011, 13:05

Eng Etude huet gewisen, dass 39 Prozent vun de Leit déi den Tour de France kucken ginn, haaptsächlech wéinst de Caravane Publicitaire um Bord vun der Strooss stinn. 2010 waren et 80 Joer dass d´Caravane beim Tour de France mat derbäi war. Et war dem fréieren Direkter vum Tour de France, Henri


Wat bedeit den Terme "Oppassen op Borduren"?

RTL - 03.07.2011, 10:39

  Virun allem an der éischter Woch vum Tour de France 2011 gëtt dacks gesot, et misst een op de Wand an deemno och op d´Borduren oppassen. Allgemeng entsteet eng Bordure, wann duerch de Säitewand de Peloton an e puer Deeler auserneengerappt gouf. D´Coureuren mussen also gutt oppassen, dass se


Wat bedeit den Terme "Contre la Montre par Équipe"?

RTL - 02.07.2011, 10:59

De Numm seet an sech schonns alles aus. Eng ganz Équipe geet zesummen un den Depart vun engem Zäitfueren. Am Tour de France sinn dat, wa keen opginn huet, néng Coureuren. Dofir gëtt de Contre la Montre par Équipe och ëmmer am Ufank vum Tour gefuer, well dann d´Equipen meeschtens nach ...


Wat bedeit den Terme „Echappée Matinale“?

RTL - 01.07.2011, 11:16

Den Terme ass haut dës Daags net méi ganz richteg. Fréier war den Depart schonns viru Mëtteg. Dat ass haut just nach seelen de Fall. Déi éischt Etapp vum Tour de France 2011 fiert zum Beispill réischt um 13. 05 fort. An awer gëtt nach ëmmer vun enger Echappée Matinale geschwat, wa ...