Andy Schleck: Den Dram, den TDF2012 ze gewannen ass geplatzt
RTL - 13.06.2012, 10:21 | Fir d'lescht aktualiséiert: 14.06.2012, 07:07 | 161 Commentaire(n)
Um Mëttwoch huet den Andy Schleck confirméiert dat hien net wäert um Depart vum Tour de France 2012 dobäi sinn, wéinst engem gebrachene Wierbel.

Op den Röntgen, déi hien duerno gemeet hat, hätt een näischt kënnen erkennen, mä nom IRM wor d'Blessure kloer, an et hätt een och kënne Bluddungen feststellen.

De Sakrum (Os sacrum, op Däitsch "Kreuzbein") ass wéi gesot deen zweetleschten Deel vun der Wirbelsail, just iwwert dem Coccyx (Os coccygis, op Däitsch Steissbein), also der Aarschkrippchen op gutt Lëtzebuergesch.
"Ech kann net an den Tour": Pressekonferenz vum Andy Schleck (13.06.2012)Déi ganz Pressekonferenz mat der Hiobsbotschaft vum Mëttwoch, 13. Juni 2012 aus der "Maison des Sports" zu Stroossen. |
Et wier deemno an den nächste Wochen net drun ze denken, op de Vëlo ze klammen, an et wier och seng schlëmmste Verletzung bis ewell gewiescht. Nach ni hätt hien Vëlo esou gelidden wéi op der Bierger Etapp vum Dauphiné den Dag no senger Verletzung.
|

Op der Pressekonferenz um Mëttwoch huet hien dann confirméiert dat seng Blessur ëm net Erlabe géing um Depart vum Tour de France 2012 ze stoen.

E grousse Réckschlag fir hien: Wou d'Nouvelle gefall wier, wier fir hien eng Welt zesumme gebrach, ënner anerem well e wierklech de Leit dobausse wollt beweisen wou hien an der Welt vum Cyclissem steet.
Um Méindegowend, 11. Juni hat dem Andy seng Equipe RadioShack-Nissan-Trek nach matgedeelt, datt den Lëtzebuerger Coureur, zesumme mat sengem Brudder, an der teaminterner Preselectioun fir den Tour de France wier.

E wënscht awer natierlech senger Equipe nëmmen dat bescht fir den Tour de France 2012, ganz besonnesch sengem Brudder.
Ziler fir dës Saison sinn awer nach do. Ugefaange mat den Olympeschen Spiller a virun allem der Vuelta wou hien, wéi e sot, säin ale Kolleg Alberto Contador rëm gesäit.
Och d'Weltmeeschterschaft zu Valkenbrug an Holland wëll den Andy Schleck serieux preparéieren, fir duerno mam Tour duerch d'Lombardei d'Saison opzehalen.

Forfait vum Andy Schleck fier den Tour de France (13.06.2012)Den Andy Schleck muss wéinst engem Wierbelbroch op d'Grande Boucle verzichten |


Äre Commentaire