Den Andy Schleck krut de Maillot jaune vum TDF 2010
RTL - 29.05.2012, 06:47 | Fir d'lescht aktualiséiert: 30.05.2012, 07:45 | 68 Commentaire(n)
Den Andy Schleck krut en Dënschdeg am spéide Moien de Maillot jaune fir den Tour 2010 iwwerreecht.

29. Mee 2012: Andy Schleck krut Maillot Jaune vum TDF 2010 (29.05.2012)Hei nach emol de komplette Video vun der Zeremonie zu Munneref am Chapito vum Casino 2000. |
D'Zeremonie war zu Munneref ënnert anerem a Präsenz vum Tour-Organisateur Christian Prudhomme an dem Lëtzebuerger Sportminister Romain Schneider, déi dem Andy Schleck de Maillot ginn hunn. Hie war jo virun zwee Joer hannert dem mëttlerweil sanktionéierten Alberto Contador den zweeten am Tour de France ginn.
Den Andy hat bësse Krämpes den Trikot unzekréien, dat loung awer wuel haaptsächlech dodrun, dass en nach en Hiem drënner unhat.
|
De Sportminister Romain Schneider konnt sech nach gutt un den Tour 2010 erënneren. Hie war deemools an de Bierger mat dobäi an hat och de giele Maillot dunn och schonn eemol an den Hänn.
|
Eng ronn 100 Gäscht waren invitéiert, d'Famill, an déi beschte Frënn. Den Andy Schleck hätt natierlech gär de Maillot Jaune als Schlussvainqueur 2010 op den Champs Elysées zu Paräis ugedoen ...
Och den Direkter vum Tour de France, de Christian Prud'homme, bedauert, datt et esou laang gedauert huet, bis den Andy Schleck de Maillot vum Schlussgewënner iwwerreecht konnt kréien. Den Alberto Contador stoung jo 2010 ganz uewen um Podium, gouf awer während der Grande Boucle, positiv op Clenbuterol getest ...
Den Ambassadeur vum Tour de France ass de Bernard Hinault, an dee war och extra op Munneref komm. De Fransous hat 5 Mol d'Grande Boucle gewonn. Am Géigesaz zum Andy Schleck huet den Hinault awer dat Gefill kenne geleiert, wéi et ass wann een de Giele Maillot direkt no der leschter Etappe op de Champs Elysees ugedoe kritt ...
Den Dënschdeg ass op jidferfall keen Dag, wou grouss gefeiert gëtt, esou den Andy Schleck. Dat hält dee jéngste vun de Schleck-Bridder sech am léifste fir den Sonndeg 22. Juli, wann den Tour de France 2012 an der franséischer Haaptstad op en Enn geet ...
Den Andy Schleck ass dee 4. Lëtzebuerger, deen als Schlussgewënner am Palmarès vun der Grande Boucle steet.
Et gouf natierlech och schonn iwwert den nächsten Tour de France geschwat, deen den 30. Juni zu Léck ufänkt. An de leschte Woche goufen et jo e bëssen Turbulenzen an der Lëtzebuerger Equipe Radioshack Nissan Trek. Den Andy Schleck wollt awer um Dënschdeg näischt dozou soen, just datt een net ëmmer alles däerf gleewen, wat an der Press steet. Et gëtt jo och ëmmer nees gesot, datt d'Grande Boucle 2012 net fir den Andy Schleck gemaach wär, mat ronn 100 Kilometer Contre la Montre. Den Tour de France-Direkter Christian Prud'homme, gesäit dat awer e bëssen anescht ...
De Johan Brunyeel, Manager vu Radioshack-Nissan Trek, sot, datt 15 Coureuren a Fro kommen, fir am Juli an senger Equipe beim Tour de France dobäi ze sinn. Wie matgeet, decidéiert sech nom Dauphiné Libéré, deen e Sonndeg ufänkt, an dem Tour de Suisse, Mëtt Juni.
Cyclissem: Tour de France 2010 (29.05.2012)Andy kritt de Maillot Jaune zu Mondorf iwerreecht |

Äre Commentaire