Tour duerch de Qatar: 5. Etapp ass fir de Mark Cavendish

RTL - 09.02.2012, 15:38 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.02.2012, 07:13

Tour duerch de Qatar: De Brit Mark Cavendish huet déi 5. a virlescht Etapp gewonnen. Den Tom Boonen bleift Leader am General.

© AFPAuteur: De Belsch Tom Boonen vun Omega Pahrma-Quick Step bleift wéi gesot Leader
De Cavendish konnt sech am Sprint zu Al Kohr Corniche géint den Italiener Daniel Oss an de Slowak Peter Sagan duerchsetzen.

De Belsch Tom Boonen vun Omega Pharma-Quick Step kënnt als 13. duerch d'Arrivée, bleift awer wéi gesot Leader.

E Freideg steet dann déi lescht Etapp vun 120 Kilometer um Programm.


Cyclissem (09.02.2012)
Tour duerch de Qatar: 5. Etapp ass fir de Mark Cavendish
De Jan Ullrich krut vum Sportgeriicht zu Lausanne déi drëtt Plaz am Tour de France 2005 wéinst Doping