Jempy Drucker: Och bei der drëtter Etapp e gutt Resultat

RTL - 03.02.2012, 18:13 | Fir d'lescht aktualiséiert: 04.02.2012, 09:56 | 5 Commentaire(n)

Op der drëtter Etappe vun der Etoile de Bessège am Cyclissem gouf et eng Victoire vum Fransous Pierre Rolland vum Team Europcar am Sprint.

Zweeten gëtt den Franck Vermeulen vu Veranda Rideau Super-U an als Drëtten fiert den Nacer Bouhanni vun FDJ-BigMat iwwer d'Ziel an iwwerhëlt domadder erëm d'Féierung am Klassement.

De Jempy Drucker ass mat villen aneren Coureuren am éischte grousse Grupp ukomm.

D'SMS vum Lëtzebuerger Coureur no der Course:

"Puuuh wat en haarden Dag, nëmmen erop, erof, vill Loft an kal wéi e Schwäin ! 
Sinn awer gutt iwwert d’Bierger komm, mä zum Schluss war ech freckt, den Ufank vun enger “fringale“.  Hat keng Power méi fir eppes am Sprint ze maachen. Sinn awer am éischten groussen Grupp ukomm ... Sinn zefridden mat menger Leeschtung"


Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!