Tour de France: Den Thor Hushovd gewënnt seng 2. Etapp
RTL - 19.07.2011, 12:17 | Fir d'lescht aktualiséiert: 20.07.2011, 08:29 | 184 Commentaire(n)
Den Thor Hushovd gewënnt d'Etapp zu Gap am TdF. De F. Schleck verléiert 21'' op den Evans an 18'' op de Contador. Den A. Schleck 1'09'' op den Evans.

De Fransous huet elo eng Avance vun 1´45´´ op de Cadel Evans. De Fränk Schleck ass elo den 3. op 1'49''. Den Andy Schleck bleift op der 4. Plaz hien huet e Retard vun 3'03''. 5. ass de Samuel Sanchez op 3'26'' an den Alberto Contador verbessert sech op déi 6. Platz. Hien huet elo e Retard vun 3'42''.
Déi 16. Etapp ass iwwer 162,5 Kilometer vu Saint-Paul-Trois Châteaux op Gap gaangen. Nom Roudag huet de Peloton et op den éischte Kilometer alles anescht wéi roueg ugoe gelooss. An der éischter Stonn goufen 51,4 Kilometer gefuer. Bei esou enger Vitesse ass et fir eng Echappée schwéier fir sech aus dem Peloton eraus ze léisen. Och an der 2. Stonn gouf nach eng Moyenne vun 46,4km/h gefuer.
D'Echappée kennt fort
Et huet ronn 100 Kilometer gedauert, bis déi richteg Echappée vun 10 Leit fort koum: Alan Perez, Thor Hushovd, Ryder Hesjedal, Andriy Grivko, Dries Devenens, Jérémy Roy, Marco Marcato, Toni Martin, Mikhail Ignatyev an den Edvald Boasson Hagen. Si alleguerte ware keng Gefor fir de Maillot Jaune. De Peloton huet hinnen dann och ee maximalen Ecart vun iwwer 6 Minutten zougestanen.
Attacken vun Alberto Contador an Andy Schleck
An der eenzeger Schwieregkeet vum Dag, dem Col de Manse vun der 2. Kategorie, huet den Alberto Contador attackéiert. Den Andy an de Fränk Schleck an och déi aner Favoritte konnten awer ripostéieren. Kuerz drop huet den Andy Schleck attackéiert. Awer och hie gouf gekontert. Wou de Contador eng zweete Kéier attackéiert huet, konnten d'Bridder Schleck d'Rad vum Spuenier net méi halen. Anescht awer de Samuel Sanchez an de Cadel Evans.
Geféierlech Descente
An der Descente huet de Cadel Evans gewisen, dass hien d'Vëlosfueren am Mountainbike geléiert huet. Souwuel Contador a Sanchez hate Problemer am Rad vum Australier ze bleiwen. Um Enn ass et hinnen awer gegléckt. De Fränk Schleck huet sech an dëser Descente gutt verkaaft. Hien verléiert just 21 Sekonnen op den Trio. Genee wéi och den Thomas Vöckler. Anescht awer den Andy Schleck. Den zweete vum leschte Joer béisst 1 Minutt a 9 Sekonnen an. Wichteg ass awer, dass kee vun de Favoritten an der Descente vum Col de Manse gefall ass. Am Sprint konnt sech den Thor Hushovd géint säin norwegeschen Compatriote Edvald Boasson Hagen behaapten. De Kanadier Ryder Hesjedal gouf den 3.
Ganz schwéier Konditiounen
Nieft dem ganz héijen Tempo an den 2 éischte Stonnen huet och d'Wieder ville Coureuren net gepasst. Zäitweis huet et mat Eemere geschott an et huet ee mussen immens oppassen.
Et geet an Italien
Um Mëttwoch gëtt déi 17. Etapp gefuer. Et geet iwwer 179 Kilometer vu Gap op Pinerolo an Italien. Virun de ganz grousse Collen an de Alpen ass et e weidere Warmup. Iwwer 5 Bierger a Koppe geet et: Ugefange mat der Côte de Sainte Marguerite vun der 3. Kategorie, duerno La Chaussée och vun der 3. Kategorie an dem Col de Montgenèvre vun der 2. Kategorie. Duerno geet et rop op Sestrières, engem Col vun der 1. Kategorie an 8 Kilometer virun der Arrivée waart nach d'Côte de Pramartino vun der 2. Kategorie. Op dëser Etapp soll ee Leit wéi de Sylvain Chavanel oder de Jérémy Roy an den Ae behalen. Fir déi Coureuren déi als Zil hunn, zu Paräis d'Lanterne Rouge ze sinn, ass et eng wieder Méiglechkeet Zäit ze verléieren. Den Depart ass um 12.35 Auer, d'Arrivée géint 17.15 Auer.
Cyclissem Video News (19.07.2011)Cyclissem Video News |

Äre Commentaire