Alles wat ee wësse muss iwwert d’Saison 2012 vum groussen Formel 1-Zirkus ass elo online: Vum Grousse Präis vun Australien bis de Grand Prix zu São Paulo am November fannt dir all d’Detailer iwwer d’Strecken, déi dëst Joer gefuer ginn, wéi Rennrekorder, lescht Gewënner an natierlech d’Zäit vum Depart vun der Course um Sonndeg.
Weider fannt dir Informatiounen iwwert all d’Piloten, all d’Equippen an aktuell Klassementer vun der Saison 2012, déi mat engem neien technesche Reglement nees mat Sécherheet fir Spannung wäert suergen! Wéi eng Ecurie huet de beschten Auto gebaut? Mir ginn et gewuer..... op rtl.lu!



